Gewënner Tombola Megafuesend 2018
N°00021
N°00030
N°00204
N°00360
N°01890
N°01946
N°02021
N°02040
N°02234
N°02286
D’Gewënner sollen sech op der Telefonsnummer 58 77 1-1900 mellen.
Centre culturel régional Aalt Stadhaus
38 avenue Charlotte
L-4530 Differdange
T. +352 58 77 1-1900
D’Stad Déifferdeng, an Zesummenaarbecht mat senger „Commission des Festivités“ a véier lokale Veräiner, organiséiert déi 11. Editioun vum Fuesweekend „RTL MEGAFUESEND zu Déifferdeng“ dat vu Freides, 09. Februar bis Sonndes, den 11. Februar um Parking Contournement am Zentrum vun Déifferdeng.
Baile dos Mascarados
den 09. Februar 2018
De Startschoss vun der RTL MEGAFUESEND gi mir Freides mat der bekannter portugiesescher Vedette Quim Barreiros an Zé Rascunho.
Ouverture du Weekend RTL MEGAFUESEND le vendredi 9 février 2018 avec les artistes Quim Barreiros e Zé Rascunho.
Abertura do fim de semana RTL MEGAFUESEND sexta-feira, 9 de fevereiro de 2018 com os artistas Quim Barreiros e Zé Rascunho.
Quim Barreiros
Zé Rascunho
CARNEVAL VU VENEDEG, Samschdes den 10. Februar 2018 um 17h
Kommt um 17h an den Zentrum vun Déifferdeng a loosst Iech vum Carnaval vénitienverzauberen. Maacht Fotoen oder Selfien a fillt Iech wéi zu Venedeg. D’Verainer La LongoVénitienne a Schicki Micki fannt Der op der Maartplaz, an der Zone piétonne an am Parc Gerlache.
CLOCHARD’S-BAL, Samschdes den 10. Februar 2018
Fuessamschdeg feiere mer op en Neits dee grousse CLOCHARD’S-BAL am Déifferdenger Zentrum, mëttlerweil ee vun den beléifsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg.
Et spillt dee professionnelle, 15 Musiker staarke GINTA FIESTA ORCHESTA. Eng Auswiel vun deene beschte lëtzebuerger Museker ënnert der Leedung vun hierem Leadsänger Al GINTER.
Dee selwechten Owend garantéieren och dëst Joër nees de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes allerbescht Fuesstëmmung !
Dernieft wäerten de Jeannot CONTER a Rol GIRRES, dee fantasteschen Entertainment-Duo, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren.
Domat net genuch, suergen an engem 2. Zelt Hoffi-Zambesi fir MEGA Stëmmung
Tickets
Den Entréespräis an der Oweskeess läit bei 15€. En Ticket am Virverkaf kascht 10€.
Ticket’en mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.e-ticket.lu.
1. Prais, eng Rees fir 2 Persounen op Paischtcroisière an den 2. Prais, eng Iwernuechtung fir 2 Persounen am Hotel-Restaurant “Klenge Casino” zu Déifferdeng a nach vill aner flott Praisser.
Transport
Zuch oder Bus – Bei deem ganzen Fuesgefeierts muss kee sech Gedanke maachen ëm d’Autofueren, profitéiert vum ëffentlechen Transport dee mam Ticket vun der RTL MEGAFUESEND gratis ass (Gare vun Déifferdeng ass op 200 m).
Och eis 3 Linnen vum Diffbus fueren Freides a Samschdes bis 03h00 Mueres.
Parkméiglechkeeten ginn et um “Parking des Hauts-Fourneaux” zu Déifferdeng.
” Mini CLOCHARD’S-BAL ” Fuessonndeg den 11. Februar 2018
Dëst Joër ass déi 7. Editioun vum « Mini CLOCHARD’S-BAL », Fuessonndeg, den 26. Februar tëscht 15:00 an 18:00 am Festzelt um Parking Contournement am Zentrum vun Déifferdeng.
Fir 5€ ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen.
EXTRAES
Während dem ganze Weekend steet e mobilen Bancomat vun der Spuerkees op der Plaz zur Verfügung.
FUESKIERMES
Während dem ganze Weekend kënnen di kleng an di méi grouss Fuesboken op eiser Fueskiermes sech amüséieren.