De Startschoss vun der „Megafuesend“ ass Freides, de 21. Februar ab 19 Auer mat eise bekannten DJen Hoffi-Zambezi a fir iech an eiser 2 Editioun vun Malle Alaaf hu mer Die Atzen de Lorenz Büffel, den Tim Toupet an d’Isi Glück direkt vu Malle afléie geloosss.
Dësen Event ass e „Must“ fir all Après-Ski a Malle Geck!!!
Praktesch Informatiounen
OPGEPASST NEI LOCATION !!!!
Hall O zu Déifferdeng/Uewerkuer, beim Centre Sportif Oberkorn, avenue du Parc des Sports, L-4671 Differdange
Den Entréespräis an der Oweskeess fir de Malle Alaaf läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Ticketen mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.luxembourg-ticket.lu
En plus steet den ëffentlechen Transport (Gare vun Uewerkuer ass op 200 m), dee mam Ticket vun der „RTL-Megafuesend“ gratis ass, zur Verfügung. Och déi 4 Linnen vum Diffbus fuere Freides a Samschdes bis 3 Auer Mueres. Parkméiglechkeete ginn et am grousse Parking beim Aquasud an op der Place Jéhan Steichen.
Clochard’s-Bal
Um Fuessamschdeg gëtt dee grousse Clochard’s-Bal ab 21 Auer an der neier Hall O zu Uewerkuer gefeiert. En ass mëttlerweil ee vun de beléiftsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Fir allerbeschte Fuesstëmmung suergen dëst Joër op en Neits de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes mam Sandy Botsch a Lisa Mariotto
Dernieft wäerten de Jeannot Conter a Rol Girres, dee fantasteschen Entertainment-Duo, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren.
Nei dëst Joër ass eis Schampesbar mat RTL-Promibesetzung an den Erléis ass fir den Télévie.
Praktesch Informatiounen
OPGEPASST NEI LOCATION !!!!
Hall O zu Déifferdeng/Uewerkuer, beim Centre Sportif Oberkorn, avenue du Parc des Sports, L-4671 Differdange
Den Entréespräis an der Oweskeess fir de Malle Alaaf läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Ticketen mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.luxembourg-ticket.lu
En plus steet den ëffentlechen Transport (Gare vun Uewerkuer ass op 200 m), dee mam Ticket vun der „Megafuesend“ gratis ass, zur Verfügung. Och déi 4 Linnen vum Diffbus fuere Freides a Samschdes bis 3 Auer Mueres. Parkméiglechkeete ginn et am grousse Parking beim Aquasud an op der Place Jéhan Steichen.
Mini Clochard’s-Bal
Dëst Joer ass déi 10. Editioun vum „Mini Clochard’s-Bal“, Fuessonndeg, de 23. Februar tëscht 15 Auer an 18 Auer am neien Hall O zu Uewerkuer. Fir 5 Euro ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren.
Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen.