D’Stad Déifferdeng, an Zesummenaarbecht mat senger „Commission des Festivités“ a véier lokale Veräiner, organiséiert déi 10. Editioun vum Fuesweekend „RTL MEGAFUESEND zu Déifferdeng“ dat vu Freides, 24. Februar bis Sonndes, den 26. Februar um Parking Contournement am Zentrum vun Déifferdeng.

 

FUESGAUDI, Freides den 24. Februar 2017

De Startschoss vun der RTL MEGAFUESEND gi mir Freides mat der bekannter däitscher Grupp voXXclub, och déi 12 Mann-Coverband Voenix an de Rom Thielen wärte fir éischtklasseg Fuesstëmmung suergen.

KARNEVAL VU VENEDEG, Samschdes den 25. Februar 2017

Kommt vu 16h30 bis 19h an den Zentrum vun Déifferdeng a loosst Iech vum Carnaval vénitien verzauberen. Maacht Fotoen oder Selfien a fillt Iech wéi zu Venedeg. D’Verainer La LongoVénitienne a Schicki Micki fannt Der op der Maartplaz, an der Zone piétonne an am Parc Gerlache.

CLOCHARD’S-BAL, Samschdes den 25. Februar 2017

Fuessamschdeg feiere mer op en Neits dee grousse CLOCHARD’S-BAL am Déifferdenger Zentrum, mëttlerweil ee vun den beléifsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg.

Et spillt dee professionnelle, 15 Musiker staarke GINTA FIESTA ORCHESTA. Eng Auswiel vun deene beschte lëtzebuerger Museker ënnert der Leedung vun hierem Leadsänger Al GINTER.

Dee selwechten Owend garantéieren och dëst Joër nees de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes allerbescht Fuesstëmmung !

Dernieft wäerten de Jeannot CONTER a Rol GIRRES, dee fantasteschen Entertainment-Duo, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren.

Domat net genuch, suergen an engem 2. Zelt Hoffi-Zambesi fir MEGA Stëmmung

Tickets

Den Entréespräis an der Oweskeess läit bei 15€. En Ticket am Virverkaf kascht 10€.

Ticket’en mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.e-ticket.lu.

Transport

Zuch oder Bus – Bei deem ganzen Fuesgefeierts muss kee sech Gedanke maachen ëm d’Autofueren, profitéiert vum ëffentlechen Transport dee mam Ticket vun der RTL MEGAFUESEND gratis ass (Gare vun Déifferdeng ass op 200 m). Och eis 3 Linnen vum Diffbus fueren Freides a Samschdes bis 03h00 Mueres.

Parkméiglechkeeten ginn et um “Parking des Hauts-Fourneaux” zu Déifferdeng.

Plan Parking Niederkorn

Plan Parking Oberkorn/Fousbann

« Mini CLOCHARD’S-BAL » Fuessonndeg den 26. Februar 2017

Dëst Joër ass déi 7. Editioun vum « Mini CLOCHARD’S-BAL », Fuessonndeg, den 26. Februar tëscht 15:00 an 18:00 am Festzelt um Parking Contournement am Zentrum vun Déifferdeng.

Fir 5€ ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen an all Kand kritt gratis eng Konfettistut.

Powered by WordPress