Gewënner Tombola Megafuesend 2016
N°0045
N°0068
N°0126
N°0554
N°0623
N°0655
N°0726
N°0803
N°0969
N°1072
D’Gewënner sollen hiere Präis den 24.03.2016 um 18h30 an d’Aalt Stadhaus siche goen, wou dann och déi offiziell Remise de Prix ass.
Centre culturel régional Aalt Stadhaus
38 avenue Charlotte
L-4530 Differdange
T. +352 58 77 1-1900
D’Stad Déifferdeng, an Zesummenaarbecht mat senger „Commission des Festivités“ a véier lokale Veräiner, organiséiert déi 9. Editioun vum Fuesweekend „MEGAFUESEND
zu Déifferdeng“ dat vu Samschdes, 6. Februar bis Sonndes, den 7. Februar um Parking
Contournement am Zentrum vun Déifferdeng.
CLOCHARD’S-BAL, Samschdes den 6. Februar 2016
Fuessamschdeg feiere mer op en Neits dee grousse CLOCHARD’S-BAL am Déifferdenger Zentrum, mëttlerweil ee vun den beléifsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg.
Et spillt dee professionnelle, 15 Musiker staarke GINTA FIESTA ORCHESTA. Eng Auswiel vun deene beschte lëtzebuerger Museker ënnert der Leedung vun hierem Leadsänger Al GINTER.
Dee selwechten Owend garantéieren och dëst Joër nees de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes allerbescht Fuesstëmmung !
Dernieft wäerten de Jeannot CONTER a Rol GIRRES, dee fantasteschen Entertainment-Duo, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren.
Tickets
Den Entréespräis an der Oweskeess läit bei 15€. En Ticket am Virverkaf kascht 10€.
Ticket’en mat Gratistombola ginn et am Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng an op www.e-ticket.lu.
Transport
Parkméiglechkeeten ginn et ronderëm den Zentrum vun Déifferdeng, dat um „Parking du Contournement“, um „Parking Hall La Chiers“ an um Parking “Arcelor” (Léierbud).
Samschdes fueren och déi 3 Linnen vum DIFFBUS gratis bis 3:30 Auer Moies!
« Mini CLOCHARD’S-BAL » Fuessonndeg den 7. Februar 2016
Dëst Joër ass déi 7. Editioun vum « Mini CLOCHARD’S-BAL », Fuessonndeg, den 7. Februar tëscht 15:00 an 18:00 am Festzelt um Parking Contournement am Zentrum vun Déifferdeng.
Fir 5€ ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen an all Kand kritt gratis eng Konfettistut.