Megafuesend 2012 Gagnants
N° d’ordre | Numéro gagnant | |
1 | 616 | 2 Fligerticket’en A/R München |
2 | 1064 | Akafsbong fir 100,– |
3 | 1122 | Akafsbong fir 75,– |
4 | 290 | Akafsbong fir 50,– |
5 | 741 | Akafsbong fir 25,– |
6 | 520 | Akafsbong fir 25,– |
7 | 1019 | Akafsbong fir 25,– |
8 | 48 | Akafsbong fir 25,– |
9 | 131 | Akafsbong fir 25,– |
10 | 1200 | Akafsbong fir 25,– |
Megafuesend zu Déifferdeng
17. / 18. / 19. Februar 2012
D’Stad Déifferdeng, an Zesummenaarbecht mat sengem Comité des Fêtes a véier lokale Veräiner, organiséiert déi 5. Editioun vun der «MEGAFUESEND» zu Déifferdeng dat vum 17. bis de 19. Februar 2012 am Zentrum vun Déifferdeng.
Fuesfreideg, de 17. Februar geet et lass mat der FUESPARTY am grousse Festzelt op der Moartplaz zu Déifferdeng. Dee beschtbekannten Orchester «LOS FIGAROS» ameséiert d’Fuesgecken mat super Fuesmusek. Derniewt ass deen Owend den Optrëtt vum «SANDY A ROL», dem Gesangsduo par excellence aus dem Grand-Duché.
Fuessamschdeg feiere mer dee grousse CLOCHARD’S-BAL am Déifferdenger Zentrum, mëttlerweil ee vun de beléifsten a gréisste Fuesbaler vu Lëtzebuerg. D’Crème de la Crème vu lëtzebuerger Musiker gi sech deen Owend op der Bühn d’Klensch an de Grapp. Dorënner dee professionnelle, 15 Musiker staarke «GINTA FIESTA ORCHESTA», (Ex-JANG-LINSTER-FUESORCHESTER). Dee selwechten Owend garantéieren och dëst Joër nees de «Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. Sandy & the Hüettes» allerbescht Fuesstëmmung!
Den Entréespräis fir Fuesfreideg läit bei nëmmen 8€ a fir Fuessamschdeg bei 8€ am Virverkaf an 12€ an der Oweskeess. Ticket’en mat Gratistombola ginn et am Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng an op www.e-ticket.lu.
Während den 2 Owender fueren och déi 3 Linnen vum DIFFBUS gratis bis 3:30 Auer Moies!
De «Mini CLOCHARD’S-BAL» ass Fuessonndeg, de 19. Februar tëscht 15:00 an 18:00 Auer am Festzelt. Fir nëmmen 2,50€ ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dëst Joër ginn ons Kanner animéiert vum «FRUTZEL » a verzaubert ginn ons Butze vum «PAPA CHICO». Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen.