Dëst Joer ass nees Megafuesend zu Déifferdeng ugesot! De 1. a 2. Mäerz kënne Grouss a Kleng op de beléifte Baler am Hall O zu Uewerkuer feieren.
Clochards-Bal
1. Mäerz 2025 | 21:00
Um Samschdeg ab 21 Auer gëtt dee grousse Clochardsbal gefeiert. En ass ee vun de beléiftste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Dëst Joer suergen den Mickie Krause an d’Ingrid Schwarz Band – fir Megastëmmung zu Déifferdeng. A fir deen Owend mat allerbeschter Fuesmusik a -stëmmung ze komplettéieren ass och den DJ Christian du Coin mat vun der Partie!
Mini-Clochardsbal
2. Mäerz 2025 | 15:00-18:00
Dëst Joer ass och schonn déi 13. Editioun vum Mini-Clochardsbal. Fir 5€ kënne Grouss a Kleng sech vu 15 bis 18 Auer, wéi ëmmer, formidabel ameséieren. Hei suergen den DJ an d’Animateure vum Jugendtreff fir Amusement an Animatioun.
Praktesch Informatiounen
D’Fuesbaler sinn am Hall O, hannert dem Centre sportif Uewerkuer (avenue du Parc des Sports, L-4671 Oberkorn). Nieft dem Hall O ass e grousse Parking (beim Aquasud) an d’Gare vun Uewerkuer ass op 300m. Den Diffbus fiert bis 3:30 Auer an der Nuecht.
Entréespräis fir de Clochardsbal: 10 € (Virverkaf), 15 € (Oweskeess). D’Tickete mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op luxembourg-ticket.lu.
D’Publikatioun vun den Tombola-Gewënner ass e Freiden, den 7. Mäerz 2025 op www.differdange.lu an op www.megafuesend.lu.
Entréespräis fir de Mini-Clochardsbal: 5 €